De Mann, deen zu Utrecht am Tram ëm sech geschoss huet, kënnt e Freideg viru Geriicht.

Hie kritt versichte Mord mat terroristeschem Hannergrond reprochéiert. E soll eleng gehandelt hunn. D'Sëtzung um Freideg ass à huit clos. Duerno soll de Mann 2 Wochen an Untersuchungshaft kommen, ier en duerno nees viru Geriicht muss aussoen.

De 37 Joer alen Täter hat jo e Méinden 3 Persounen erschoss a 5 Mënschen deels liewensgeféierlech blesséiert.

Ugangs gouf e Familljesträit als Hannergrond net ausgeschloss.