Bei der Stad Mossul ass en Donneschdeg um Floss Tigris e Schëff ënnergaangen. Et geet een antëscht vu wäit iwwer 100 Doudegen aus.

D'Fär war komplett iwwerfëllt.

U Bord waren haaptsächlech Familljen, déi op engem Feierdag ënnerwee waren op eng bekannte Picknick-Plaz.