De Kalifat vun den Dschihadiste vum sougenannten "Islamesche Staat" wier domat elo komplett eliminéiert ginn, heescht et.

Baghus, déi lescht Héichbuerg vun der Terrormiliz Islamesche Staat a Syrien, konnt vun Anti-IS-Kämpfer ageholl ginn. Dat huet de Spriecher vun de syreschen demokratesche Kräften iwwer Twitter annoncéiert.

De Kalifat vun den Dschihadiste wier komplett eliminéiert ginn heescht et.

Schonn e Freideg am fréien Owend hat den amerikanesche President Donald Trump vun enger Victoire géint Daesh, wéi den IS och nach genannt gëtt, geschwat.

Krichshandlunge Mëtt Mäerz zu Baghus