Den amerikanesche President Donald Trump huet an der Nuecht op e Samschdeg Sanktioune vun den USA géint Nordkorea opgehuewen.

Wéi den Trump iwwert Twitter annoncéiert huet, hätt hie weider Sanktiounen, déi vum amerikanesche Finanzministère decidéiert goufen, gestoppt.

D'Spriecherin Sarah Sanders huet dem President seng Aktioun domadder erkläert, datt d'Relatiounen tëscht dem Trump an dem Nordkoreaner Kim Jong Un gutt wieren.

De President géif den Kim appreciéieren a mengen datt keng weider Strofen noutwenneg wieren.