Virun der norwegescher Küst war e Samschdeg ee Croisièresschëff a Séinout geroden. Deen Ament waren 1.300 Leit u Bord.

D'Ofschleefaktioun ass gegléckt: D'Croisières-Schëff Viking-Sky ass e Sonndeg am Nomëtteg am Hafen vu Molde ukomm, 26 Stonnen nom Noutruff.

E Samschdeg war d'Schëff jo virun der norwegescher Küst a Schwieregkeete geroden. Bei schlechte Wiederkonditioune mat héije Welle waren all d'Moteuren ausgefall.

U Bord ware méi ewéi 1300 Leit. Knapp 500 Passagéier si via Helikopter evakuéiert ginn. Déi aner hu missten um Schëff bleiwen.
Op d'mannst 3 Leit goufen, wéi et heescht, schwéier verwonnt. Eng Partie koume mat liichte Blessen dervun.

Schlepper-Schëffer hate gehollef, fir d'Viking Sky an den Hafe vun der Stad Molde ze schleefen, dat nodeems 3 vun de 4 Moteuren um Sonndeg an de fréie Moiesstonnen nees konnten ulafen.

De Sender NRK hat Biller gewisen, op deenen ze gesi war, wéi d'"Viking Sky" bei staarke Wellen am geféierlechen Hustadvika-Waasser dreift. D'Schëff war a Richtung Küst gedriwwen, dofir ware 5 Helikopter an e puer Schëffer un enger Rettungsaktioun bedeelegt.

Ee Passagéier vun der Viking Sky huet e Samschdeg den Owend da Fotoen an e Video op Twitter gepost, wou ze gesinn, dass Waasser an d'Schëff eraleeft an dass et och materielle Schued u Bord gëtt. Ee weidere Video weist, wéi d'Schëff ënnert de staarke Wellen an dem Wand gelidden huet.

An der selwechter Regioun war och ee Frachter a Séinout geroden. Déi 9 Crew-Membere konnten awer séier a Sécherheet bruecht ginn. Och bei dësem Schëff war de Motor ausgefall, wéi et um Wee war, fir de Leit um Croisièresschëff ze hëllefen.