Am Disneyland Paräis ass e Samschdeg den Owend ënnert de Visiteure Panik ausgebrach, nodeems et am Park e puer Mol geknuppt hat.

Doropshin hunn d'Leit versicht, sech a Sécherheet ze bréngen, et hat sech Panik breet gemaach, e puer Visiteure hu sech dobäi liicht blesséiert.

Wéi et vun den Autoritéiten heescht, kéint de Knall awer vun enger Rolltrap oder engem Lift komm sinn.

Den Inneministère huet dofir kuerz Zäit méi spéit iwwert Twitter matgedeelt, datt et ee falschen Alarm gouf.