D'Geneviève Legay gouf e Samschdeg wärend enger Manifestatioun vun de Gilets Jaunes zu Nice uerg blesséiert.

Bei enger Police-Interventioun war d'Fra gefall. Dobäi huet si sech de Kapp opgeschloen.

Elo wëll d'Famill eng Plainte géint d'Autoritéiten an d'Prefecture deposéieren, wéinst Gewalt.

Wéinst dem Besuch vum chinesesche President Xi Jinping um Sonndeg waren d'Demoen um Samschdeg gréisstendeels zu Nice verbueden. D'Geneviève Legay hat, esou hir Duechter, géint dëse Verbuet protestéiert.

De Policeasaz wier "extrem gewalttäteg" gewiescht, huet hiren Affekot Arié Alimi deklaréiert.

Ronn 40.000 Gilets Jaunes sinn e Samschdeg fir de 19. Samschden hannerteneen a Frankräich op d'Strooss gaangen.

Eleng zu Paräis waren et 5.000 Demonstranten.

Duerch Consignë vun der Regierung, méi haart am Fall vu Randaler duerchzegräifen, wier d'Situatioun an de verschiddene Stied, wou manifestéiert gouf, roueg bliwwen. Dës Consignen hätten Debordementer evitéiert, esou de franséischen Inneminister Christophe Castaner.

Dee Samschdeg virdrunner gouf et jo massiv Ausernanersetzunge mat der Police, Casseuren hate Geschäfter a Brand gestach an och och soss fir vill Schued gesuergt.

Dofir huet e Samschdeg op symbolesche Plazen, wéi dem Arc de Triomphe zu Paräis an de Champs Elysées net duerfen demonstréiert ginn.

Am Ganze goufe wärend der 19. Mobilisatioun Landeswäit 233 Persounen interpelléiert. 172 dovunner wieren a Garde à Vue sëtze komm. E bësse méi wéi 100 Mënsche kruten ee Protokoll, well si versicht haten, u verbuedene Rassemblementer ze participéieren.