Iwwer 130 Ziviliste sinn am Mali an engem Duerf vun enger anerer Volleksgrupp mat Schëss a Macheten ëmbruecht ginn.

Ënnert den Doudege wieren och eng sëlleche Kanner a Fraen.

Den UNO-Generalsekretär António Guterres huet sech schockéiert iwwer d'Nouvelle gewisen an huet annoncéiert, de Virfall séier wëllen ënnersichen ze loossen.

D'UNO-Missioun am Mali hätt aus der Loft aus weider Attacke konnte verhënneren an huet Blesséierter aus der geféierlecher Zon eraustransportéiert.