Fir d’éischt zanter dem Militärputsch 2014 waren d’Wieler an Thailand um Sonndeg opgeruff, hir Stëmmen ofzeginn.

D'Militär ass awer wäit dovun, d’Muecht wëllen ofzetrieden un eng Zivilregierung. An der Course ass nämlech engersäits de Prayut Chan-o-cha, den aktuelle Chef vun der Junta, deen elo versicht, duerch d’Wale legitiméiert ze ginn a Premier ze bleiwen, an anerersäits Anti-Junta-Parteien, déi gréisstendeels dem exiléierte, fréiere Premier Thaksin Shinawatra nostinn.

AUDIO: Walen an Thailand/Reportage Petz Bartz

Eng drëtt Fraktioun stellen d’Demokraten, déi sech net eendeiteg op eng méiglech Koalitiounskonstellatioun festgeluecht hunn a wëllen eng neutral Regierung stellen. De Wieler hätt net nëmmen “de Choix tëschent Diktatur oder Korruptioun”, sou hire Message um Freideg op enger Walversammlung zu Bangkok.

Bei engem Tëscheresultat vum Sonndeg den Owend hat d'Partei PPRP vum Premierminister, déi dem Militär nosteet, d'Nues vir an dat mat iwwert enger hallwer Millioun Stëmme virun der gréisster Partei vun der demokratescher Oppositioun. Iwwert d'Sëtzverdeelung am Parlament ginn et nach keng viabel Indikatiounen. Nodeems 93% vun de Stëmmen ausgezielt sinn, soll déi pro-militäresch Partei Palang Pracharat mat 7,6 Millioune Stëmme virleien. Dat definitiivt Resultater gëtt allerdéngs eréischt an e puer Wochen erwaart.

Bei Prognose sonndes mëttes hat et nach fir déi gréisst Oppositiounspartei gutt ausgesinn.

D'Formatioun vun enger Majoritéit dierft net einfach ginn a laang daueren. Am Internet zirkuléieren iwwerdeems eng sëlleche Kommentaren, deemno et bei der Wal zu Onreegelméissegkeete komm wier.

Entscheedung fält bei de Koalitiounsdiskussiounen

D’Militärregierung, déi sech offiziell “Nationale Rot fir Fridden an Uerdnung” nennt, hat an de leschte Joren eng vill-kritiséiert Verfassungsreform duerchgefouert a sech doran e groussen Avantage fir d’Wale geschafen. De Senat vun 250 Sëtz wielt zesumme mat der Chamber vun de Volleksvertrieder (500 Sëtz) den nächste Premier. De Senat gëtt awer net gewielt, mä vum Militär nominéiert. Duerch déi Reegelung bräicht de Kandidat vum Militär dann nëmmen eng Majoritéit vun 126 Sëtz an der Chamber, woubäi déi zivil Parteien awer missten op 376 kommen, fir iwwerhaapt eng Aussiicht ze hunn, de Premier ze stellen.

Déi lescht Joren an Thailand ware villfach dominéiert vun der autoritärer Politik an dem kamësse Féierungsstil vum Militär: Verstéiss géint d’Pressefräiheet, Aschränkunge vun de perséinleche Fräiheeten, Verschäerfung vum "Lèse-majesté"-Gesetz a Versich, déi sozial Medien ze kontrolléieren …

De Verdacht louch och am Virfeld vun de Wale scho no, dass Manipulatiounen net kéinten ausgeschloss ginn, zemools well international Walobservateure, wéi zum Beispill vun der EU, net erwënscht waren an der dës Woch grad emol 35 (!) vun der ANFREL, dem Asian Network for Free Elections, an d’Land gelooss goufen.

Zwou thailännesch Organisatiounen awer, PollWatch (PNET) a We Watch, hu bei Walversammlungen am ganze Land e sëllechen Irregularitéiten notéiert, wéi zum Beispill d’Beaflosse vu Wieler duerch Leit a Militäruniformen, fir u Wahlversammlungen deelzehuelen, verbal Menacë géint Kandidaten, awer och d’Ausdeele vun Enveloppë mat Suen dran, fir Stëmmen ze kafen. Dat Gefuddels an déi Verstéiss, déi der ECT, der Walkommissioun, gemellt goufen, hu bis ewell zu kenger Enquête gefouert.

Walen an Zuelen:

-      51,4 Millioune Wahlberechtegter (Walflicht)

-      dorënner ronn 7 Millioune Nei-Wieler

-      méi wéi 93.000 Wahlbüroen a 77 Provënzen

-      gewielt gi 500 Sëtz am Parlament zu Bangkok

-      de Senat vun 250 Sëtz ass vum Militär nominéiert

-      nëmme 35 accreditéiert Walobservateuren

Eise Journalist Petz Bartz ass den Ament an Thailand, fir d'Wale fir RTL ze suivéieren.