Am Schwäizer Kanton Wallis an der Géigend vu Martigny ass um Sonndeg eng Lawin erofgaangen. 4 Leit si matgerappt ginn, eng huet net iwwerlieft.

Ee gouf blesséiert, deenen aner zwou Persounen ass näischt geschitt. De Virfall war op 2.800 Meter Héicht, bei de Clochers d'Arpettes, eng 60 Kilometer südëstlech vum Genfer Séi.