Den US-Ermëttler Robert Mueller huet keng Beweiser fir eng Verschwörung vun der Walkampfekipp vum Donald Trump mat Russland fonnt.

Dat geet aus engem Resumé vun der Enquête ervir, déi de Justizministère dem amerikanesche Kongress ginn huet.

Dora soll de Robert Mueller zu der Konklusioun kommen, datt den aktuelle President näischt verbrach hätt. Allerdéngs géif en am Rapport och net vun alle Virwërf fräigesprach ginn.

Esou heescht et um Sonndeg den Owend eiser Zäit an engem Bréif vum Justizminister William Barr un de Kongress, d’Demokraten halen de Justizminister allerdéngs net fir neutral.

De Robert Mueller war jo chargéiert ginn, als extraen Ermëttler ze klären, wéi d'Verbindunge vum Donald Trump a senger Ekipp zu Russland am Kader vun de leschte Presidentschaftswale waren. Déi hat den Trump jo knapp géint d'Hillary Clinton gewonnen.

D'Fro, ob den Trump d'Justiz behënnert hätt, huet de Mueller, wéi et schéngt, oppe gelooss.

Den Donald Trump huet sech no den Nouvellen direkt komplett vun alle Virwërf fräigesprach gesinn, wéi e via twitter wësse gedoen huet. Op Twitter huet den amerikanesche President geschriwwen, et hätt keng geheim Ofsprooche mat Russland am Virfeld vun de Presidentewalen 2016 a keng Behënnerung vun der Justiz ginn, d’Demokraten hunn iwwerdeems an enger éischter Reaktioun d’Publikatioun vum ganze Mueller-Rapport gefuerdert.