Fir d'Attentat op zwou Moscheeën zu Christchurch an Neiséiland opzeklären, gouf eng onofhängeg Enquêtëkommissioun op d'Bee gestallt.

Dat huet d'Premierministesch Jacinda Ardern annoncéiert. Si sot, dass alles misst ënnerholl ginn, fir erauszefannen, wéi et zu dëser Terrorattack konnt kommen a wéi den Attentäter hätt kënne gestoppt ginn.

Een australesche Rietsextremist hat wärend zwou Attacken op zwou Moscheeën zu Christchurch de 15. Mäerz 50 Mënschen erschoss. D'Fro gouf sech dono gestallt, ob den neiséilännesche Geheimdéngscht d'Attack hätt kënne verhënneren.