D'Fluchgesellschaft Ethiopian Airlines huet wëssegedoen, datt een u Boeing als Partner festhält.

Et géif een un den US-Constructeur gleewen, zënter Joren hätt ee gutt zesummegeschafft. Virun zwou Woche war jo eng Boeing 737 MAX 8 vun der Ethiopian Airlines erofgefall.

Wéinst engem ähnleche Virfall puer Méint virdru steet de Fligertyp am Zentrum vun den Diskussioune, Fluchverbueter sinn d'Konsequenz.