Eng historesch wichteg a strategesch Plaz am Noen Osten ass elo vun den USA als israelescht Staatsgebitt unerkannt ginn.

Den US-President Donald Trump huet déi vun Israel annektéiert syresch Golanhéichten als Staatsgebitt vun Israel unerkannt.

Den Trump huet e Méindeg bei engem Besuch vum israelesche Premier Benjamin Netanjahu eng entspriechend Proklamatioun ënnerschriwwen.

© JALAA MAREY / AFP