Den amerikanesche Verdeedegungsministère huet eng Milliard Dollar deblockéiert, fir déi vum President Trump gefuerdert Grenzmauer mat Mexiko ze bauen.

Den zoustännege Minister Patrick Shanahan huet e Méindeg den Owend bekannt ginn, dass mat dëse Suen een Zonk vu knapp 92 Kilometer Längt a fënnef an en hallwe Meter Héicht bei El Paso am US-Staat Texas soll opgeriicht ginn.

Donieft solle Stroosse gebaut a Beliichtungen installéiert ginn. Zil wier et, de grenziwwerschreidenden Drogeschmuggel ze blockéieren.

Am Februar hat den amerikanesche President Donald Trump den Noutstand dekretéiert, nodeems de Kongress de Budget fir d'Konstruktioun refuséiert hat.

5 Woche laang koum et wéinst dem Sträit zu engem Shutdown, dem längsten an der Geschicht vun den USA. Mam Ausruffe vum Noutstand kann den Trump op aner Budgeten zeréckgräifen, fir seng Mauer ze realiséieren, zum Beispill op dee vum Verdeedegungsministère. De 15. Mäerz wollt de Kongress den Etat d'Urgence ophiewen, den Trump hat deemools awer säin éischte Veto ageluecht.