Den US-President Donald Trump huet dem Fliger-Constructeur Boeing recommandéiert, datt en dem Fligertyp Boeing 737 MAX en aneren Numm soll ginn.

De President suggeréiert der Firma déi eventuell Problemer um Fliger ze behiewen, dëse mat enger Rei Nouveautéiten ze equipéieren, an eben no engem neien Numm ze sichen.
Dat alles schreift den Donald Trump op Twitter.

De Fligertyp steet jo an der Kritik nodeems zwou Maschinnen erof gefall sinn.