Feier an der Notre-Dame komplett geläscht, schonn honnerte Milliounen € gespent

© AFP
An der Kathedral Notre-Dame zu Paräis ass e Méindeg den Owend e Feier ausgebrach. En Dënschdeg de Moie géint 10 Auer waren d'Läschaarbechten ofgeschloss.
D'Feier an der "Notre-Dame de Paris" ass komplett geläscht, dat hunn d'Paräiser Pompjeeë en Dënschdeg kuerz virun 10 Auer confirméiert. Prioritéit bei de Läschaarbechten, war d'Struktur vun den zwee Haapttierm ze schützen. D'Suerg war grouss, datt déi schwéier Klacken an den Tierm géifen eroffalen.
Géint 19 Auer e Méindeg huet et an der "Notre-Dame de Paris" ugefaange mat brennen. Séier huet sech ee richtegt Feier vun e puer Meter entwéckelt, dat op aner Partie vun der Kathedral iwwergegraff huet. Den 93 Meter héijen Tuerm an der Mëtt vun der Kierch war du kuerz virun 20 Auer zesummegefall, och déi ganz Daachstruktur konnt net méi gerett ginn.
Biller a Videoen hunn e Méindeg den Owend gewisen, wéi staarken Damp a souguer Feier aus der Kathedral erauskomm ass, dat virun allem aus den Tierm vum Gebai. Um kuerz virun 22 Auer stoung dann dat ganzt Gespär vun der Kathedral a Flamen.
Géint Hallefnuecht hunn d'franséisch Pompjeeën annoncéiert, datt si d'Struktur vun der "Notre-Dame de Paris" gerett hätten, esou wéi déi zwee Tierm an der Entrée. Ronn 400 Pompjeeë waren am Asaz, fir de Flame Meeschter ze ginn, no 1 Auer hu si nach ëmmer missten op verschiddene Plazen intervenéieren, wou et nees ugefaangen huet mat brennen. E Pompjee wier bei den Aarbechte méi uerg blesséiert ginn.

© AFP
Iwwert d'Ursaache vun der Katastroph ass bis ewell nach näischt gewosst. Eng Enquête wéinst "Destruction involontaire duerch Brand" gouf an d'Weeër geleet. Et geet een dovun aus, datt d'Feier duerch ee Schantjen ausgeléist gouf, deen deen Ament um Daach vun der Kathedral war. Déi franséisch Televisiounschaîne BFMTV wëll wëssen, datt an der Nuecht d'Aarbechter vun deem Schantje solle gehéiert gi sinn.
D'Paräisser Pompjeeën hunn hir Läschaarbechte gefilmt, woubäi spektakulär Biller entstane sinn.
Paräisser Pompjeeën hunn hir Läschaarbechte gefilmt
Dat schlëmmsten hätt kéinten evitéiert ginn, esou de President Macron, dee gläichzäiteg matgedeelt huet, datt d'Fondation du patrimoine vun en Dënschdeg un eng national Kollekt géif lancéieren, fir Sue fir d'Restructioun ze sammelen. An enger emotionaler Ried hat hie betount, dass ganz Frankräich Notre-Dame nees wäert opbauen. Dës wier een de Leit an der Geschicht vu Frankräich schëlleg.
„Je vous le dis très solennellement ce soir. Cette cathédrale nous la rebâtirons. Tous ensemble. Et c'est sans doute une part du destin français et le projet que nous aurons pour les années à venir. Mais je m'y engage. Dès demain, une souscription nationale sera lancée et bien au-delà de nos frontières. Nous ferons appel au plus grands talents et ils sont nombreux qui viendront y contribuer. Et nous rebâtirons. Nous rebâtirons Notre-Dame.“
Um Dënschdeg den Owend huet den Emmanuel Macron sech un d'Natioun adresséiert.
Macron adresséiert sech un d'Vollek
Kuerz Geschicht vun der Notre-Dame

© AFP
Si ass nieft dem Eiffeltuerm, den Emblème vun der franséischer Haaptstad Paräis. Si zitt all Joer Millioune Visiteuren op d'Île de la Cité an ass weltwäit déi berühmtste Kathedral aus dem Mëttelalter an eng vun den éischte gotesche Kierchen a Frankräich. Si gouf wärend der franséischer Revolutioun saccagéiert, gehéiert zum UNESCO-Weltkulturierwen a gouf am Film an an der Literatur veréiwegt.
Schonn 360 Milliounen Euro u Spenden erakomm
Wéi d'Paräiser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo matgedeelt huet, sti fir den Nees-Opbau vun der Notre-Dame scho 360 Milliounen Euro bereet.
D'Stad Paräis well 50 Milliounen Euro ginn, ma och vu Privatleit komme Spenden a Milliounenhéicht. D'Regioun Ile-de-France huet eng Direkthëllef vun 10 Milliounen annoncéiert.
Nieft offizielle Gelder, koumen och 2 grouss Privatspenden vun de gréissten an zweetgréisste Luxusfirmaen a Frankräich, LVMH a Kering, eran. Si hunn zesummen 300 Milliounen zougesot. Eleng déi franséisch Milliardär-Famill Pinault huet 100 Milliounen Euro fir den Nees-Opbau versprach. De Chef vu LVMH huet 200 Millioune versprach.
D'Kathedral ass an der franséischer Haaptstad eent vun de meescht fotograféierste Monumenter. Deementspriechend vill Leit hunn dat tragescht Spektakel matkritt. Op Biller gesäit ee Persounen an der Géigend vun der Kathedral bieden. Op anere Videoen, héiert ee se den "Ave Maria" sangen.
Den Daach vun der Kathedral, e Gebai, dat am 12. Joerhonnert gebaut ginn ass, gouf zu engem groussen Deel vun de Flamen zerstéiert an ass zesummegefall. 2/3 vun der Konstruktioun ass zerstéiert. Wéi et en Dënschdeg de Mëtteg heescht, goufen déi 3 Rousefënsteren net beschiedegt, esou den Äerzbëschof de franséische Medie géigeniwwer. Dës Fënsteren aus dem 13. Jorhonnert weise biblesch Motiver, ënnert anerem d'Operstéiung vum Jesus.
Villes wat an der Kathedral stoung, konnt awer vu Pompjeeën, Polizisten a Gemengenaarbechter gerett ginn. Wéi d'Paräiser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo iwwert d'Twitter schreift, wieren duerch eng formidabel Mënscheketten, eng ganz Partie reliéis Wierker, déi en enormen historesche Wäert hunn, virum Feier a Sécherheet bruecht ginn.
Notre-Dame gehéiert mat zu de beléiftsten Touristenattraktioune vu ganz Frankräich, all Joers besiche ronn 13 Millioune Mënschen dës Kathedral. Et ass domadder dat meeschtbesichte Gebai an Europa. An der 93 Meter héijer Kathedral si 500 Tonnen Holz an 250 Tonne Bläi verbaut. Weider Infoen iwwert d'Architektur vun der weltberühmter Kathedral ginn et hei.
"Notre-Dame brennt" - E Commentaire vum Nico Graf
De franséische President Emmanuel Macron huet dann och seng Ried, déi am Kader vun de Protester vun de sougenannte Gilets jaunes gehale sollt ginn, verréckelt. Am Gespréich waren ënnert anerem Steierbaissen. En alternativen Datum ass nach net gewosst.
Weltwäit Solidaritéit
Den Emmanuel Macron huet sech um kuerz no 20 Auer op Twitter zu der Katastroph gemellt:
Emmanuel Macron
D'Buergermeeschtech vu Paräis, d'Anne Hidalgo huet sech dann och schonn iwwer Twitter geäussert, grad wéi och de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel.
An och den EU-Kommissiounspresident weist sech schockéiert op Twitter.
Jean-Claude Juncker
Theresa May
Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich an d’ganz Kierch vu Lëtzebuerg sinn déif getraff vum schreckleche Brand an der Kathedral Notre-Dame zu Paräis. Wärend engem Moment vu Solidaritéit gëtt e Mëttwoch, de 17. Abrëll, um 18 Auer an der Chrisamsmass an der Kathedralvu Lëtzebuerg un d’Kierch an d’Katholike vu Paräis a vu ganz Frankräich geduecht.
An engem offizielle Schreiwes huet sech awer och d'Cour grand-ducale un de franséische President Macron geriicht.
Monsieur le Président de la République,
Les images de la cathédrale Notre-Dame de Paris en feu nous ont brisé le coeur la nuit dernière. Aujourd’hui nous voulons saluer le mouvement de mobilisation qui est en train de naître afin que ce haut lieu de civilisation française rayonne à nouveau dans le monde entier. Notre lien avec Notre-Dame est plus fort que jamais.
Henri et Maria Teresa
Reaktiounen
De Lëtzebuerger Generalvikar Leo Wagener huet sech um Méindeg den Owend op Nofro immens beréiert gewisen iwwert dës Katastroph.
De Lou Rousseau wunnt zu Paräis an engem Appartement vun deem aus, de jonke Lëtzebuerger direkt op d'Notre-Dame-Kathedral gesäit. Hien huet e Méindeg den Owend esou erlieft.
Géint 7 e Méindeg den Owend wär d'Feier lassgaangen, seet den Lou Rousseau. Duerno wären d'Pompjeesween een nom aneren op d'Plaz komm.
Och d'Lëtzebuergerin Nadia Greco ass den Ament an der Franséischer Haaptstad. Och si huet de Virfall iwwer Telefon temoignéiert.
Obwuel d'Flame wéi gesot meterhéich waren, wär keng Panik an der Stad ausgebrach, erkläert d'Nadia Greco.