Japan an d'USA hunn Handelsgespréicher op Drock vum am amerikanesche President Donald Trump ugefaangen.

De japanesche Wirtschaftsminister ass de Moment zu Washington op Besuch. Zwee Deeg laang soll elo gekuckt ginn, wéi een d'Relatiounen tëscht béide Länner verbessere kann.

Den Trump gehäit Japan ënnert anerem vir, datt et a Saache Commerce, net fair mat den USA wier. Dofir fuerdert hien, datt d'Japaner hire Marché fir amerikanesch Produite weider opmécht. Japaner fäerten iwwerdeems Stroftaxe vu Washington.