Den däitsche Satiriker Jan Böhmermann ass mat senger Plainte géint d'Kanzleramt net duerchkomm. E Verwaltungsgeriicht vu Berlin huet dës refuséiert.

De Böhmermann wollt erreechen, datt d'Kanzlerin Merkel hir Kritik um sougenannte Schmähgedicht zeréckhëlt. An deem Gedicht geet et jo ëm den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan. D'Angela Merkel hat deemools gesot, de Satiriker wéilt hie bewosst blesséieren.

D'Gedicht vum Mäerz 2016 hat eng Zort Staatsaffär ausgeléist. Déi tierkesch Regierung an och de Staatschef Erdogan hate Plainte gemaach.