E Geriicht a Russland huet en Norweger wéinst Spionage-Virwërf zu 14 Joer Prisong veruerteelt.

Den 63 Joer ale Mann soll den norwegesche Sécherheetsdéngschter Informatiounen iwwer russesch Atom-U-Booter iwwermëttelt hunn. De Mann gouf am Dezember 2017 zu Moskau festgeholl an dementéiert d'Virwërf.