Zanter dem Ufank vun den Onrouen am Nicaragua virun engem Joer sinn iwwer 60.000 Mënschen aus dem Land geflücht.

Wéi d'UNO-Hëllefswierk fir Flüchtlingen matgedeelt huet, sinn déi meescht vun hinnen am Costa Rica ënnerkomm. Ëmmer méi dacks géinge Famillje mat klenge Kanner stonnelaang trëppelen, fir fort aus dem Land ze kommen.

Zejoert war et zu massive Protester vun der Bevëlkerung géint d'Regierung vum President Ortega komm. Schätzungen no sinn iwwer 300 Mënsche bei den Demonstratiounen ëm d'Liewe komm. Donieft goufen zeg Oppositioneller festgeholl.