Nom Feier an der Notre-Dame zu Paräis wëll de franséische President Emmanuel Macron d'Kathedral bannent den nächste 5 Joer erëm opbauen.

D'Kathedral soll dann nach méi schéi wéi virdru ginn, huet hien en Dënschdeg den Owend an enger Usproch op der Tëlee annoncéiert. Donieft huet hien der Police, de Pompjeeën an de Secouristen fir hiren Asaz Merci gesot.

Fir den Nees-Opbau si schonn honnerte Milliounen Euro u Spenden zesummekomm. A senger Ried huet de Macron och un den Zesummenhalt vun der franséischer Gesellschaft appelléiert.

Zu senge Reformpläng huet hie sech allerdéngs net geäussert. Schonn en Dënschdeg hat hie wéinst dem Feier dorop verzicht. De Moment wier net dee richtegen Zäitpunkt dofir.

Steierleche Kader fir Spenden

Nom Groussbrand an der Notre-Dame zu Paräis kommen enorm Spenden aus der ganzer Welt zesummen.
 
De franséische Premier Pilippe huet en Dënschdeg de Mëtten och annoncéiert,  datt e legalen steierlechen Kader fir dës Doen geschaf gëtt.

Dernieft gëtt en internationalen Architekteconcours lancéiert, fir de Spëtztuerm nees opzebauen, deen duerch d'Feier an e Koup gefall war.