An Indonesien si Presidentschaftswalen. Ronn 193 Millioune Mënschen sinn opgeruff hir Stëmm ofzeginn.

An der drëttgréisster Demokratie vun der Welt versicht de Staatschef Widodo op en Neits 5 Joer ze regéieren. Säi Géigekandidat ass de fréiere Generol Subianto. Béid Männer stounge sech scho bei de Walen 2014 géintiwwer.

Ëmfroen no gëllt den aktuelle President als Favorit. Éischt Resultater ginn sech am Laf vum Dag erwaart.