Eric Harris an Dylan Klebold, dat sinn déi zwee Nimm vun deene Schüler, déi sech an déi amerikanesch Memoire agegruewen hunn.

Net well se eppes Positives opzeweisen haten. Au contraire si waren déi, déi d’Amerikaner fäerte geléiert hunn. Den 20. Abrëll 1999, also viru genee 20 Joer, plangen déi zwee Jugendlecher vu 17 an 18 Joer eent vun de bis dohinner schlëmmste Schoul-Massaker.

AUDIO: Columbine-Massaker/Reportage Nadine Gautier

Dat Massaker geet an déi amerikanesch Geschicht an als de Columbine-High-School-Amoklaf. Um Enn sinn 13 Persounen dout: 12 Schüler an ee Schoulmeeschter. 24 Persoune sinn zum Deel schwéier blesséiert. Déi arméiert Teenager Eric an Dylan, déi zum Deel a schwaarz gekleet waren, brénge sech no hirer Dot an der Bibliothéik vun der Schoul ëm. 47 Minutte laang dauert hir bluddeg Attack. 5 Stonne méi spéit steet fest, d’Autoritéiten hunn d’Situatioun nees ënner Kontroll.

Déi jonk Mäerder wollten u sech nach méi Matschüler an den Dout rappen, allerdéngs war hinnen dat net gelongen. Bommen, déi si an der Schoul, do zum Beispill an der Cafeteria, an och baussent dem Gebai installéiert haten, sinn net richteg explodéiert. D’Schoul am amerikanesche Bundesstaat Colorado stoung nom Massaker weiderhin. Iwwert d’Motiver vun den zwee Teenager, déi d’Dot méintelaang geplangt hunn, gëtt nach ëmmer gemunkelt. Bis haut gëtt et do näischt Konkretes, och wann Tagebicher a Bréiwer eppes weisen: den Eric Harris an den Dylan Klebold wollte berühmt ginn, hir Attack sollt si medial bekannt maachen. An de Medie gouf deemools Mobbing als méiglecht Motiv avancéiert. Enquêten no dem Massaker hunn erginn, datt déi béid jonk Männer psychesch Stéierungen haten.

A schonn deemools, 1999 gouf iwwert eppes geschwat, wat bis haut an den USA nach ëmmer net Realitéit ass. Een neit méi strikt Waffegesetz. Au Contraire d’Waffelobby krut d’Thematik esou gedréint, datt d’Iddi opkoum, d’Schoulmeeschtere sollte Waffe fir de Schutz vun de Kanner kréien.

AUDIO: 100 Sekonnen: 20 Joer Columbine Attentat