Net emol 48 Stonnen no der Katastroph gëtt un der Schallmauer vun der Milliard Euro un Done gekraazt. Eng Staang Geld, déi awer och ze denke gëtt.

Hei d'Iwwerleeung vun enger Paräisser Fra, en Dënschdeg den Owend am Kader vun enger Veillée: ''Firwat reagéieren d'Mënschen net op déi selwecht Manéier, wa Mënschen am Mier erdrénken? Dat kann dach net sinn.''

Ee ganz rezente Sondage vum Cercle de Coopération vun de Lëtzebuerger ONGe bréngt eng interessant Äntwert: ''D'Tendenz ass éischter, fir eng Cause ze spenden, wéi fir e Projet oder eng ONG. Wat hei de Fall ass. Hei gëtt et eng ganz konkret Cause, e Brand, deen emotional Reaktiounen ausléist. Dobäi kënnt eng ganz konkret Virstellung vun engem Resultat, Den Neesopbau. Domat kënnen d'Leit sech méi einfach Identifizéieren, wéi eppes, wat generell ass," esou d'Marianne Kraus.

Beim aktuellen Elan a Frankräich stiechen d'Spenden an dräistelleger Milliounenhéicht aus der Privatwirtschaft an d'Aen. Vu sougenannte Mécènes: L'Oréal, LVHM, Total, d'Holding Artémis. Done fir déi e speziellen, legalen, steierleche Kader geschaaft soll ginn, sou de Franséische Premier Edouard Philippe.

D'Reaktioun vum Jean-Sébastien Zippert vun Etika Lëtzebuerg ass hei kloer: "Dat si Spenden, déi esou wäit steierlech ofgeschriwwe ginn, datt um Enn d'Kollektivitéit se bezilt." D'Famille Pinault, déi d'Flut u Spende mat 100 Milliounen agelaut huet, huet um Mëttwoch och als éischt en Zeeche gesat a wäert op all steierlech Avantage verzichten.

Hei zu Lëtzebuerg werft de LSAP-Deputéierten Yves Cruchten an enger parlamentarescher Ufro d'Fro op, ob Lëtzebuerger en Don un unerkannt Fondatiounen am Ausland ofschreiwe kënnen?

Hei zu Lëtzebuerg kënnen den Ament Spende vu 25 Euro un ofgeschriwwe ginn, awer nëmmen, wann et fir eng National Organisatioun ass, sou Marianne Kraus vum Cercle de Coopération Lëtzebuerger ONGen.

Den CSV-Deputéierte Serge Wilmes wëll vum Premier wëssen, ob Lëtzebuerg am Kader vum Neiopbau vun Notre Dame envisagéiert e Geste ze maachen. Eventuell Finanzieller Natur?

5 Joer fir Kathedral opzebauen? Wat soen d'Experten

VIDEO: Rekonstruktioun vun der Kathedral: Wat soen Experten
En ähnleche Fall, wéi et elo zu Paräis, hate mir och schonn an der Stad.

Wéi grouss ass de Schued an der Notre-Dame zu Paräis, wei laang dauert et, dat Ganzt nees opzebauen, wéi geet een un déi Saach erun. Halen d'Maueren, déi stoe bliwwe sinn, den Drock aus? A wat kascht dat Ganzt?

Dat sinn d'Froen, déi elo opkommen nom schroe Feier e Méindeg den Owend an der Notre-Dame zu Paräis?

De franséische Premierminister Edouard Philippe wëll no der Brandkatastroph en internationalen Architekteconcours, fir den Nees-Opbau lancéieren. Antëscht si jo Spenden an Héicht vu ronn 900 Milliounen Euro zesummekomm.

Et gi jo Parallelle mam Feier 1985 an der Lëtzebuerger Kathedral, och wann d'Gebai an d'Ausmooss vum Schued vill méi kleng waren. Deemools sinn d'Reparaturaarbechte jiddefalls zimlech séier gaangen. D’Chance war, datt deemools Pläng virlouchen.

Solidaritéit kënnt och aus Lëtzebuerg

Nom Feier an der Kathedral Notre Dame zu Paräis hunn e Mëttwoch den Owend a ganz Frankräich d'Klacke gelaut. D'franséisch Bëschofskonferenz hat dozou opgeruff, fir en Zeechen vu Solidaritéit ze sëtzen. D'Klacken hunn ëm 18.50 Auer  gelaut, zu deem Zäitpunkt war e Méindeg den Owend d'Feier an der Notre Dame entdeckt ginn.
International ass eng grouss Solidaritéit, och zu Lëtzebuerg  An der Kathedral waren en Dënschdeg Owend um 18 eng extra Mass. D'Suen aus dem Afferstack sollten dann och direkt op Paräis goen, fir den Neiopbau vun der Notre-Dame.

VIDEO: Gedenkmass an der Kathedral
Och an der Lëtzebuerger Kathedral gëtt u Paräis geduecht.

De Brand an der franséischer Haaptstad huet vill Leit un d'Evenementer vun 1985 erënnert. Deemools stoung d'Stater Kathedral an Brand. Et fillt ee mat.

Besteller

No der Brandkatastroph zu Paräis ass dem Victor Hugo säi Klassiker "Notre-Dame de Paris" erëm zum Bestseller ginn. D'Buch ass bei Amazon Frankräich op der Spëtzt vun de Verkafscharts. Verschidden Editioune vum Roman, dat eng éischte Kéier 1831 eraus koum, stinn op Plaz 1, 3, 5 7 an 8 an der Lëscht vun de meescht verkaafte Bicher.