Déi zoustänneg Walkommissioun aus der tierkescher Metropol Istanbul huet elo offiziell deklaréiert, dass den Ekrem Imamoglu d'Wale gewonnen huet.

De Politiker vun der republikanescher Vollekspartei huet am Palais de Justice den entspriechende Certificat entgéintgeholl.

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan a seng Regierungspartei AKP fuerderen d'Annulatioun vun de Buergermeeschterwalen, well dës net konform zu de Reegelen ofgelaf wieren.

Dës missten elo widderholl ginn, eng Demande an deem Sënn gouf och scho gemaach.