De peruaneschen Ex-President Alan Garcia hat sech selwer an de Kapp geschoss. Hie gouf duerno noutoperéiert, ma ass u sengen uerge Blessure gestuerwen.

Den 69 Joer ale Politiker huet sech ëmbruecht, dat kuerz iert hien zu Lima sollt verhaft ginn. D'Noutoperatioun sollt dem Mann d'Liewen net retten. En ass um Mëttwoch de Mëtteg gestuerwen.

Géint de Garcia goufen et Korruptiounsermëttlungen.