Wéi portugisesch Medie mellen, ass de Bus op der Insel Madeira vun der Strooss ofkomm an huet sech e puer Mol iwwerschloen.

De Buergermeeschter vu Santa Cruz huet de Medien confirméiert, datt op d'mannst 29 Leit bei dësem Accident ëm d'Liewe komm sinn. 27 Mënsche goufe blesséiert. Wéi et schéngt ass de Bus an enger Kéier vun der Strooss ofkomm, ass e Bierg erof gerutscht an op en Haus gefall.

De Gros vun de Leit u Bord vum Bus waren Touristen aus Däitschland. Déi lokal an déi däitsch Medien hunn nach am Ufank iwwert d'Nationalitéite vun den Doudesaffer spekuléiert, ma kuerz viru Mëtternuecht huet de portugisesche President Marcelo Rebelo de Sousa an enger Ried um portugisesche Sender RTP confirméiert, datt sengen Informatiounen no all d'Affer aus Däitschland géife kommen. Hien huet dann och Däitschland d'Solidaritéit vun all de Portugisen zougeséchert.

Den däitschen Ausseministère hat dann och am Laf Mëttwochowend matgedeelt, datt Däitscher ënnert den Doudesaffer wieren. Si haten awer keng Zuel genannt. Op Nofro beim Lëtzebuerger Ministère des Affaires étrangères konnt een eis net soen, ob och Lëtzebuerger Staatsbierger vun dësem Accident betraff waren oder net.

Bei den Affer soll et sech ëm 11 Männer a 17 Fraen handelen. All déi aner Passagéier aus dem Bus, an deem tëscht 55 a 57 Mënsche waren, solle blesséiert gi sinn, sou déi lokal Medien.

Wéi d'Regionalregierung en Donneschdeg annoncéiert huet, gëllt vun en Donneschdeg op e Samschdeg 3 Deeg Trauerzäit op der Insel. Deemno sinn d'Fändelen an sämtlechen ëffentleche Gebaier op Madeira op Hallefmast.