No den déidleche Schëss op eng Journalistin am nordiresche Londonderry reagéiere Politiker entsat.

D'Suerg datt de Konflikt sech erëm verschäerft ass grouss. BBC huet d'Biller vun de brutalen Ausernanersetzunge gewisen: Autoen déi brennen a gepanzert Gefierer vun der Police. Eng jonk Journalistin vun 29 Joer war bei der Attack ëm d'Liewe komm.

Et leeft eng Enquête wéinst Mord, dat huet de Vizechef vun der nordirescher Police matgedeelt. D'britesch Premierministesch Theresa May huet den Doud vun der jonker Journalistin schockant a sënnlos genannt.

Britesche Medien no soll d'Journalistin selwer vill iwwert den Nordirland-Konflikt an d'Konsequenzen dovu geschriwwen hunn.

A Nordirland goufen dann och zwee Verdächteger festgeholl, dat am Zesummenhang mam Doud vun enger Journalistin um Bord vun den Opstänn zu Londonderry. Déi jonk Männer vun 18 a 19 Joer ginn am Moment zu Belfast verhéiert.

Den Doud vun der 29-jähreger Journalistin Lyra McKee an der Nuecht op de Karfreideg gouf vun der Police als „terroristesche Virfall behandelt“.