Landeswäit sinn am Bangladesch Mënschen wéinst sexuelle Belästegungen vu Fraen a Meedercher op d'Stroosse gaangen.

Si fuerdere Gerechtegkeet fir de Mord un enger 19 Joer aler Schülerin, déi verbrannt gi war, nodeems se den Direkter vun hirer Schoul wéinst sexueller Belästegung ugeklot hat.

An der Haaptstad Dhaka hunn Dosende Studente gefuerdert datt d'Roll vun der Police an deem Fall vum Geriicht enquêtéiert gi misst.

Am Bangladesch gi sexuell Iwwergrëff sou gutt wéi ni bestrof. Déi meescht Affer trauen sech net se ze mellen, aus Angscht datt een hinnen net gleewen oder se stigmatiséiere géing. Dacks ginn d'Affer och ageschüchtert.

D'Mënscherechtsorganisatioun Human Rights Watch huet vun engem schreckleche Mord un enger couragéierter Fra geschwat. De Fall géif weisen, datt d'Regierung d'Responsabilitéit hätt, Affer vu sexueller Gewalt eescht ze huelen a sécher ze stellen, datt se ouni Angscht géint d'Täter virgoe kënnen.