Den 23. Samschdeg an der Suite hunn an enger Rei franséische Stied um Samschdeg erëm Dausende „Gilets Jaunes“ protestéiert.

A Frankräich waren um Samschdeg erëm ronn 9.600 „Gilets Jaunes“ ënnerwee, dovu 6.700 zu Paräis. An der franséischer Haaptstad goufen iwwerdeems scho méi wéi 200 Leit festgeholl. Op d'mannst 110 dovu koumen an de Garde-à-Vue, ënner hinne 4 Mannerjäreger. Präventiv goufe bal 18.000 Leit vun de Forces de l'ordre kontrolléiert.

Op en neits koum et zu Eskalatiounen bei de Protester vun de Gilets Jaunes. Demonstranten hunn Autoen a Motorrieder a Brand gesat an d'Police ass mat Tréinegas géint d'Mënschemass virgaangen.

Dem Inneministère no sinn landeswäit ronn 30.000 Mënschen op d'Stroosse gaangen, 9.000 dovun an der franséischer Haaptstad. D'Organisateuren hunn däitlech méi héich Chiffere genannt.

Op Affichen war e Samschdeg ze liesen: "Milliounen fir d'Notre-Dame, mee wat ass mat eis Aarmen?"

D'Gilets Jaunes protestéieren zanter fënnef Méint all Samschdeg fir méi sozial Gerechtegkeet a méi niddreg Steieren. En Donneschdeg soll de Staatschef dann elo Äntwerten op de „Grand Débat“ liwweren a Pläng fir Reforme virstellen.