Bei de Klimaprotester zu London goufen an de leschten Deeg vill Leit festgeholl a ronn 30 goufen der ugeklot, dat hunn d'Autoritéite matgedeelt.

D'Grupp "Extinction Rebellioun" huet zanter e Méindeg an der britescher Haaptstad Demonstratiounen fir de Klimaschutz organiséiert. Dobäi gouf den Trafic op wichtegen Achsen wéi dem Oxford Circus oder der Waterloo Bridge vun den Demonstranten blockéiert.