D'Autoritéite mellen um Sonndeg, datt d'Äschewolleke ronn 2 Kilometer an den Himmel klammen.

Op der indonesescher Insel Bali ass de Vulkan Agung op en neits ausgebrach.

Iwwer Blesséierter ass bis ewell net geschwat ginn. Den 3.000 Meter héije Vulkan ass zanter Méint aktiv an et kënnt ëmmer erëm zu klenge bis mëttleren Eruptiounen.