Duerch de ville Reen gouf e Sonndeg an der Gemeng Rosas am Südweste vu Kolumbien een Äerdrutsch ausgeléist.

Op d'mannst 17 Mënsche si beim Äerdrutsch a Kolumbien e Sonndeg ëm d'Liewe komm. 13 Persoune ginn nach ëmmer vermësst. Fënnef Persoue goufe blesséiert, wéi de Schlamm 8 Haiser ënnert sech begruewen huet.

De Staatschef Ivan Duque war op der Plaz vum Ongléck an huet de Famillje säi Bäileed ausgeschwat.

D'Landstrooss Panamericana, déi d'Haaptstad vum Ecuador Quito mat Cali a Kolumbien verbënnt, gouf nom Äerdrutsch gespaart.