Schonn e Freideg war et op der Belscher Autobunn E411, op der Héicht vun Tellin, zu engem schroen Accident komm, an deem e Lëtzebuerger gestuerwen ass.

En Auto, deen hei am Land immatrikuléiert war, war op der Autobunn Direktioun Lëtzebuerg engem Camion hannendrop gerannt.

Wéi d'Dernière Heure geschriwwen huet, hätt de Lëtzebuerger Parquet confirméiert, dass de Bäifuerer, deen d'Accident net iwwerlieft huet, een 38 Joer ale Mann aus dem Grand-Duché wier.

De Chauffeur gouf verwonnt. Hie soll weder ënnert dem Afloss vun Alkohol nach vun Droge gestanen hunn. Wéi belsch Medie gemellt hunn, wier och keng ze héich Vitesse am Spill gewiescht.