Déi zwee Männer, déi an Nordirland am Kader vum Mord vun der Journalistin Lyra McKee festgeholl gi waren, sinn nees fräi.

Bei den Enquêtë geet d'Police weider vun enger Dot vun der neier IRA aus. Déi zwee Männer goufen deemno net inculpéiert, esou huet déi nordiresch Police op de soziale Reseaue matgedeelt. Déi zwee, 18 an 19 Joer al, koumen dann och nees op fräie Fouss. 

Am Plaz huet d'Police awer elo eng Fra vu 57 Joer verhaft, déi verdächtegt gëtt, d'Journalistin erschoss ze hunn.

Déi 29 Joer jonk Journalistin war en Donneschdeg den Owend bei Ausernanersetzungen an der Stad Londonderry erschoss ginn. Si stoung an der Géigend vu Police-Gefierer wéi eng Kugel si um Kapp getraff hat. D'Police geet vun engem Terrorakt aus.

An der "The Irish News" gouf e Schreiwe verëffentlech, wou sech eng Grupp fir den Dout vun der Journalistin entschëllegt. "Am Laf vun der Attack op de Feind gouf d'Lyra McKee tragerschweis ëmbruecht, wärend si nieft de Membere vum Feind stoung." Weider huet et geheescht, datt ee sech beim Partner vum Affer, der Famill an hire Frënn géif entschëllegen.