De fréiere franséische Premier Fillon a seng Fra Penelope musse sech wéinst enger Scheinbeschäftegungsaffär viru Geriicht veräntweren.

D'Affär huet de François Fillon seng politesch Karriär kascht, bei de Presidentschaftswalen huet hie fir déi Konservativ d'Favoritteroll verluer. Elo muss hie viru Geriicht. Him gëtt virgeworf seng Fra a seng Kanner jorelaang aus ëffentleche Mëttel als parlamentaresch Mataarbechter bezuelt hunn, ouni dass si dofir wierklech geschafft hunn.

Der Zeitung "Le Monde" no kritt hien deemno Verontreiung vun ëffentleche Gelder virgeworf. Seng Fra Penelope muss sech als Komplizin veräntweren. Den Datum vum Prozess steet nach net fest.