Fuerscher hu virun der australescher Küst een honnert Meter laangt Wrack aus dem Zweete Weltkrich entdeckt.

Dat 77 Joer alt Schëff soll sech ronn honnert Kilometer virum australesche Bundesstaat Victoria an eng 700 Meter ënnert der Waasseruewerfläch befannen. D'"SS Iron Crown" ass de 4. Juni 1942 vun engem japaneschen U-Boots-Torpedo getraff ginn a bannen enger Minutt ënnergaangen. D'Ënnergoe vum  Eisenäerz geluedene Frachter huet 38 vun den 43 Leit u Bord d'Liewe kascht.

Dëst bréngt de Famillje vun den Doudegen och endlech eng Gewëssheet, sou den Archeolog Peter Harvey. Déi fënnef Iwwerliewend konnte sech deemools mat Schwammweste retten, wärend se sech u Wrackdeeler festgehalen hunn. Net nëmmen dëst Schëff, mee nach 22 aner sinn tëschent 1942 an 1943 virun der Ostküst vun Australien duerch japanesch U-Booter ënnergaangen.