Den Nordkoreanesche Leader Kim Jong Un ass fir säin éischte Sommet mam Kremlchef Wladimir Putin a Russland ukomm.

Hie gouf op der Grenz mat Brout a Salz empfaangen, wéi et Traditioun a Russland ass. Wéi déi staatlech Noriichtenagence an Nordkorea mellt, gëtt hie vun héichrangege Beamte begleet, dorënner den Ausseminister vum Land.

Ee Gespréich mam Wladimir Putin ass fir en Donneschdeg am Oste vu Russland, zu Wladiwostok geplangt. Dobäi soll et virun allem ëm déi atomar Ofrëschtung vun Nordkorea goen. Russland ass ee vun de raren Alliéierte vun Nordkorea, wou international isoléiert ass. Dee leschte Sommet tëscht béide Länner geet op 2011 zeréck. D'Visitt vum Kim Jong Un a Russland dauert bis e Freideg.