Den US President Trump hält um Freideg zu Indianapolis eng Ried op der Joresversammlung vun der amerikanescher Waffelobby NRA.

Den Trump ass zanter dem Walkampf 2016 enk mat dëser aflossräicher Organisatioun verbonnen a refuséiert méi streng Reguléierunge vum private Waffebesëtz. Un dëser Positioun huet och déi ganz Serie u schlëmmen Attacken mat Schosswaffen an enge sëllechen Doudegen näischt geännert.

Nom Schoulmassaker mat 17 Doudesaffer am Februar 2018 hat den Donald Trump als eenzeg Mesure ee Verbuet fir déi sougenannte bump stocks decidéiert.