Déi sozialistesch Regierung op Kuba huet dës Decisioun geholl wéinst der aktueller Versuergungskrise.

Liewensmëttel an Hygieneproduite solle rationéiert ginn. Ënnert anerem dierfen d'Kubaner Poulet, Räis, Eeër, Bounen, Wurscht, Seef, Wäschmëttel an Zännseef nëmmen nach a limitéierte Quantitéite kafen, wéi déi kubanesch Wirtschaftsministerin Betsy Dias matgedeelt huet.

D'Regierung mécht déi rezent Verschäerfunge vum US-Embargo géint Kuba dofir responsabel. Experte gesinn de Grond awer éischter an der schwaacher Produktioun vu Kuba a senger Ofhängegkeet vum enken Alliéierte Venezuela.