Zu Colombo huet d'kathoulesch Kierch nees déi éischte Kéier zanter den uergen Attentater eng Sonndesmass gefeiert.

Dausende Katholiken hu sech an der Kierch vun der Helleger Theresa an der Haaptstad Colombo versammelt.

D'Sécherheetsmesurë ware ganz streng. Zaldote mat Mitrailletten hunn de Gottesdéngscht iwwerwaacht, déi Gleeweg goufen no Sprengstoff ënnersicht.

Virun 3 Woche gouf et jo eng brutal radikal-islamistesch motivéiert Dot op 3 kathoulesch Kierchen an 3 Luxushotellen op Sri-Lanka.

258 Mënsche waren ëm d'Liewe komm. Iwwer 500 goufen der blesséiert.

Aus Angscht viru weideren Attacke goufe keng Masse méi fir d'Ëffentlechkeet organiséiert. Den Äerzbëschof zu Colombo huet awer Gottesdéngschter gehalen, déi op der Tëlee iwwerdroe goufen.