Eng Woch nom Passage vum Zyklon sinn am Oste vun Indien nach ëmmer Millioune Mënschen ouni Stroum an ouni Daach iwwert dem Kapp.

Eng hallef Millioun Haiser goufen beschiedegt, ewéi d'Noriichtenagence AFP um Sonndeg schreift.

Wéinst dem Stuerm sinn op d'mannst 42 Mënsche gestuerwen. D'Hëllef op der Plaz zitt sech, vill rosen Awunner fänken un, ze protestéieren.

De Stuerm war mat enger Vitesse vun bis zu 200 Stonnekilometer op d'Land getraff.