D'Maschinn sollt vun Düsseldorf op Nice fléien, ma huet iwwer Lëtzebuerg dunn awer Demi-Tour gemaach.

Grond fir dës Decisioun war e medezineschen Noutfall bei engem Member vum Equipage. De Fliger mat 30 Leit u Bord ass zeréck op Düsseldorf geflunn, wou sech direkt ëm d'Persoun gekëmmert gouf. Dono ass d'Maschinn dunn op Nice geflunn.