De Grënner vun der Revelatiounsplattform Wikileaks soll 2010 e Fra a Schweden vergewaltegt hunn.

De schwedesche Parquet huet e Méindeg annoncéiert, nees géint de Julian Assange z'enquêtéieren. Déi virleefeg Ermëttlunge sinn den 11. Abrëll nees opgeholl ginn, nodeems d'Affekotin vum presuméierten Affer d'Uschëllegungen ervirbruecht hat.

D'Fra gehäit dem Assange vir, hie hätt si bei enger Visitt a Schweden 2011 vergewaltegt. 2017 war d'Enquête an der Affär gestoppt ginn.