Den Doud vun dräi Persounen zu Passau, déi duerch Feiler ëm d'Liewe koumen, suergt weider fir Rätsel.

Besonnesch d'Fro vum Motiv bleift ze klären. D'Obduktioune vun de Läichen hunn en Dënschdeg e puer nei Indice geliwwert. Sou geet de Parquet dovun aus, dass déi dräi Persounen hiren Doud geplangt haten, respektiv wollten. Et handelt sech ëm ee Mann vun 53 Joer an zwou Frae vun 33 respektiv 30 Joer.

Gekläert ass donieft och d'Identitéit vun zwou Fraen, déi an enger Wunneng zu Wittingen dout fonnt goufen. Wéi si ëm d'Liewe koumen, ass nach onkloer.