Et ginn der ëmmer manner. E Samschdeg waren dem franséischen Inneministère no, nëmme méi 15.500 Manifestanten landeswäit ënnerwee.

Domadder huet d'Beweegung ëmmer manner Supporter. Am November zejoert, wéi d'Aktioun ugefaangen hat, waren nach 282.000 Leit matgaangen. Eleng zu Paräis waren et dëse Samschdeg 1.600 Demonstranten.

D'Gilets jaunes ginn dogéint aner Zuelen. Wéi et no der 27. Protestaktioun geheescht huet, wieren ëm déi 41.000 Leit mat marschéiert.