Iwwert 100.000 Leit an iwwert 80 Delegatiounen sinn an der belscher Haaptstad op der Belgian Pride Parade matgaangen.

Schonn d'lescht Joer haten d'Organisateuren esou vill Leit gezielt. Fir si ass dës Manifestatioun dann och ee Signal, datt d'Normalitéit, déi eis d'Gesellschaft diktéiert, a Fro ze stellen ass, huet et vun de Responsabele vun der Parade geheescht.