D'Leit souzen an engem Touristebus, deen an der Géigend vun de Gizeh-Pyramiden ënnerwee war, wéi ënnert dem Bus eppes explodéiert ass.

Iwwer d'Nationalitéit vun de Blesséierten ass bis elo näischt bekannt. An der Géigend vun der Explosioun vun e Sonndeg ware schonns Enn Dezember 4 Persoune bei engem ähnleche Virfall ëm d'Liewe komm.