Géint 15.40 Auer koum et e Sonndeg an Däitschland op der K88 tëscht Gornhausen a Veldenz an enger Kéier zu engem uergen Accident tëscht 2 Gefier.

D'Lëtzebuerger Air Rescue war op der Plaz. No éischten Informatiounen duerch en Dokter op der Plaz sinn dobäi 3 Persoune blesséiert ginn, 1 dovunner schwéier. Déi schwéierblesséiert Persoun gouf mam Rettungshelikopter vun der Air Rescue an d'Spidol geflunn.

D'Police geet dovunner aus, dass ze héich Vitess responsabel kéint sinn. D'Strooss war ongeféier 1 an hallef Stonn gespaart.